← WorkMundi · 1M+ offres d'emploi du monde entier, en directSe connecterCréer un compte gratuit

Responsabel (w/m/x) fir eise Service vun de begleete Familljewunnengen zu Péiteng

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. · LU

📅 04/08/2026
🔔 Prévenez-moi pour les offres comme celle-ci
Sans mot de passe, sans inscription. Juste l'e-mail — et vous partez quand vous voulez.
🔓 Postuler — gratuit →
Ouvre cette offre sur WorkMundi. Le compte est gratuit et prend moins d’une minute.

Voir les 1,350 autres offres en Luxembourg →

🎁 Avant de postuler, entraînez-vous à cet entretien. Créez votre compte WorkMundi gratuit et recevez un Entraînement à l'entretien sur HelpsYouSpeak — sans frais, sans carte. Je veux mon entraînement →
e Responsabel (w/m/x) fir eise Service vun de begleete Familljewunnengen zu Péiteng Schlussdatum 23/08/2026 D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen sicht: e motivéierte Responsabel (w/m/x) fir eise Service vun de begleete Familljewunnengen zu Péiteng - CDI 30 bis 40 Stonnen/Woch Haaptmissiounen: • D'Organisatioun an den deegleche Fonctionnement vum Service assuréieren an op e gudde Fonctionnement oppassen. • Déi multidisziplinär Equipe begleeden, ënnerstëtzen a kollaborativ weiderentwéckelen. • D'Ufuerderunge vum Serviceprojet an dem pädagogesche Konzept ëmsetzen an d'kontinuéierlech Verbesserung vun de Praktiken ënnerstëtzen. • D'Kohärenz an d'Qualitéit vun de Begleedunge fir d'Famillen garantéieren. • D'Zesummenaarbecht mam professionelle Reseau entwéckelen an erhalen. Gesichte Profil: • Ofgeschlossene Héichschoulausbildung am edukativen, psychosozialen, pedagogesche oder Gesondheetsberäich (BAC +3), unerkannt zu Lëtzebuerg, oder eng zu Lëtzebuerg unerkannten Autorisatioun fir e Gesondheetsberuff auszeüben. • Vill Erfarung am Beräich Elterenschaft, gutt Kenntnisser vum concernéierte soziale Reseau zu Lëtzebuerg, souwéi Erfarung an enger Responsabel-Funktioun. • Organisatiounsfäegkeet an d'Fäegkeet, Aarbechtsprozesser ze strukturéieren. • Verantwortungsbewosstsinn, Initiativgeescht an Entscheedungsfäegkeet. • Gutt mënschlech a kommunikativ Kompetenzen: kloer Kommunikatioun, aktiv Nolauschteren, Ëmgang mat komplexe Situatiounen an eng benevoll Haltung. • Fäegkeet am Team ze schaffen an d'Motivatioun d'Entwécklung vun de Mataarbechter ze ënnerstëtzen. • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen. • Führerschäin Kategorie B. Wënschenswäert Ufuerderungen Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der "Protection de l'Enfance" si vu Virdeel. Mir bidden attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend, Aarbechtsbedéngungen (Carrière C6). en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung. Wann Dir un dëse Missiounen interesséiert sidd, zéckt net Är Kandidatur bis den 23. August ze schécken!
Lire la suite de l'offre →

Offres similaires

Offre sur WorkMundi — le plus grand site d'emploi du monde. Voir plus d'offres de tous les continents, mises à jour en direct.

📢
🎁

Avant de postuler, entraînez-vous à cet entretien.

Créez votre compte WorkMundi gratuit et recevez un Entraînement à l'entretien sur HelpsYouSpeak — sans frais, sans carte.

Je veux mon entraînement →