← WorkMundi · 1M+ offres d'emploi du monde entier, en directSe connecterCréer un compte gratuit

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familjenstärkungsdëngscht CDI 75 % oder 80 %

Fondation Letzeburger Kannerduerf · LU

📅 04/08/2026
🔔 Prévenez-moi pour les offres comme celle-ci
Sans mot de passe, sans inscription. Juste l'e-mail — et vous partez quand vous voulez.
🔓 Postuler — gratuit →
Ouvre cette offre sur WorkMundi. Le compte est gratuit et prend moins d’une minute.

Voir les 1,336 autres offres en Luxembourg →

🎁 Avant de postuler, entraînez-vous à cet entretien. Créez votre compte WorkMundi gratuit et recevez un Entraînement à l'entretien sur HelpsYouSpeak — sans frais, sans carte. Je veux mon entraînement →
D'Fondatioun sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hiere Familljen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hiere Famillje ze leeschten?Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an hiere Famillje, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi,e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben • Ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill • Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren • De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren. • Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren • Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen • Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen • Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren • Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen • Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken • An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren • Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.3.) • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF Wat eis ënnerscheetMir investéieren an Är Entwécklung • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...) • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher EntwécklungEng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung • Strukturéiert Qualitéitsmanagement • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer BegleedungE professionellen a strukturéierte Kader• Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen• Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg FachbegleedungEng Missioun mat Wierkung • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a WuelbefannenÄre ProfilDiplomer a fachlech Kompetenzen • Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom) • Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg• Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie • Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l'Enfance et à la Famille, Jugendschutz) • Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.) • Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l'Enfance et à la FamilleSozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil • Wertschätzend a professionell Haltung • Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen • Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen • Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner • Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn • Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement • Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen • Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet • Léisungsorientéiert an zouverlässeg AarbechtsweisZousätzlech Ufuerderungen • Führerschäin B • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e VirdeelKonditiounen • CDI • Beschäftegungsgrad: 75 % oder 80 % • Remuneratioun laut CCT-SAS C5* • Attraktiv extralegal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur!Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: • Motivatiounsbréif • Liewenslaf mat Foto • Kopie vum Diplom • Autorisation d'exercerAm Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Lire la suite de l'offre →

Offres similaires

Offre sur WorkMundi — le plus grand site d'emploi du monde. Voir plus d'offres de tous les continents, mises à jour en direct.

📢
🎁

Avant de postuler, entraînez-vous à cet entretien.

Créez votre compte WorkMundi gratuit et recevez un Entraînement à l'entretien sur HelpsYouSpeak — sans frais, sans carte.

Je veux mon entraînement →