🎁 Avant de postuler, entraînez-vous à cet entretien. Créez votre compte WorkMundi gratuit et recevez un Entraînement à l'entretien sur HelpsYouSpeak — sans frais, sans carte. Je veux mon entraînement →
D'APEMH Formation et Travail, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI 40 Stonnen/Woch - ab dem 1 Oktober oder no Ofsprooch. Wann dësen Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten: Är Missiounen sinn: • Pädagogesch Begleedung vun den Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung op hirer Aarbechtsplaz a bei allen Tâchen, dei ufalen (Botzen, Fidderen, Kontakt mam Client etc).. • flexibel Aarbechtszäiten an och emol de Weekend oder Feierdag schaffen • Regelméissegen Austausch an der Équipe an mat dem Responsabel • Pädagogesch Berodung an Ënnerstëtzung vum technesche Personal am Aarbechtsalldag Obligatoresch Ufuerderungen: D ‘Kandidate sollen: • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg aus gestallten oder unerkannten Diplom sinn • idealerweis Beruffserfahrung hunn am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung hunn • gären an enger Équipe schaffen an Verantwortung kennen iwwerhuelen • motivéiert an flexibel sinn • Verstoen an schwätzen vun der lëtzebuergescher Sprooch ass obligatoresch. All aner Sprooch e Virdeel • de Führerschäin Klass B hunn Mir bidden : • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C4 CCT-SAS) • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung